Wéi d’Police matgedeelt huet war de Mann alkoholiséiert an huet sech aggressiv beholl.

E Méindeg géint 10h00 huet eng Persoun beim COVID-Consultatiounszenter an der Rue Jos Kieffer zu Esch randaléiert. Dëse wollt och keng Sécherheetsdistanz anhalen. De Mann war alkoholiséiert. Wéi d’Police op d’Plaz koum war de Mann aggressiv. Well den Alkoholtest positiv war an de Mann mam Auto gefuer war krut hie säi Permis ewechgeholl. E Protokoll gouf ausgestallt