No wochelaangem Blockage huet den Nach US-President Trump säin Team elo ugewisen, mat sengem gewielten Nofolger Biden ze kooperéieren.

No méi wéi zwou Woche Blockage huet den nach US-President Trump zougestëmmt, d’Amtsgeschäfter u säin designéierten Nofollger Biden ze iwwerginn. Op Twitter huet den Trump geschriwwen, dass hien d’Autoritéiten ugewisen huet, mam Biden zesummen ze schaffen.

Domat kritt den Demokrat Zougang zu de Ministèren an Autoritéite wéi zu de Finanzmëttel a vertraulechen Informatiounen. Dem Biden säin Team schwätzt vun engem noutwennege Schrëtt, fir déi aktuell Erausfuerderungen ze bewältegen. Dozou zielt virun allem d'Andämme vun der Corona-Pandemie.

Trotz senger Uweisung huet den Trump eng Wal-Néierlag nach ëmmer net zouginn. Hien huet amplaz ugekënnegt, weider ëm d’Wäisst Haus ze kämpfen. Gerichter hunn antëscht méi wéi 30 Kloe vum Trump sengen Affekote wéinst presuméierte Walbedruch ofgewisen. Den neien US-President soll den 20. Januar vereedegt ginn.