Wann een an Zukunft mat Qantas matfléie wëll, muss een sech géint de Covid-19 impfe loossen. Natierlech eréischt wa bis een Impfstoff do ass.

Et ginn ëmmer méi vill-verspriechend Test-Resultater vu méiglechen Impfstoffer géint de Covid-19 bekannt. Och d’Loftfahrt-Branche setzt vill Hoffnungen an een Impfstoff.

Als éischt grouss Airline huet sech elo Qantas zu de méiglechen Auswierkungen op hire Betrib geäussert. Sou sot de Chef vun der australescher Airline, dass Passagéier vu Qantas sech an Zukunft géint de Covid-19 impfe musse loossen, wann den Impfstoff bis do ass. Deemno muss een en entspriechenden Noweis virweisen, soss dierf een net mat der Airline matfléien. De Chef vu Qantas geet dovunner aus, dass weider Airlines nozéie wäerten.

D'Fluchgesellschaft wëll hir Konditioune réischt dann upassen, wann een Impfstoff an Australien zertifiéiert a breet disponibel ass. Wéi laang dat nach dauert, ass onkloer.