Donieft krute ronn 220 Persounen eng Amende well se nach no der Spärstonn ënnerwee waren, ouni ee valabele Grond nenne ze kënnen.

Am Ganzen huet d'Police a Laf vun der leschter Woch eng 370 Kontrollen duerchgefouert, bei deenen d'Anhaale vun de Corona-Mesuren gekuckt gouf. A 15 Fäll hate Restauranten oder Caféeën sech net un d'Auerzäite gehalen. Esou gouf zum Beispill an engem Café zu Rëmeleng Samschdes um 01h20 festgestallt, dass nach ëmmer Clienten an der Wirtschaft waren.

Zu Dikrech huet d'Police an der Nuecht vun e Samschden op e Sonnden eng Privatparty missen opléisen, bei der sech net un d'Virschrëfte gehale gouf. Donieft kruten nach ronn 220 Persounen eng Amende well se nach no der Spärstonn onerlaabt ënnerwee waren.