Déi Onéierlech waren am Ganze Land zanter Juli aktiv.

Schonn zanter Juli dëst Joer gouf ëmmer nees an Autoen agebrach, déi um Parking vu Supermarchéë stoungen. Duerch d'Aarbecht vun der Police Judiciarie konnt ee séier den Auto identifizéieren, mat deenen d'Täter ënnerwee waren.

Mëtt Oktober ass et der Police do schlussendlech gelongen zwee Brigangen op der frëscher Dot z'erwëschen. Op engem Parking zu Sandweiler konnten d'Polizisten wärend enger Observatioun d'Täter verhaften a virun den Untersuchungsriichter bréngen.
Déi Onéierlech haten fir d'Abréch ee sougenannte "Störsender" benotzt. Dëse steiert d'Funkverbindung tëscht dem Autosschlëssel an dem Gefier. Wärenddeem d'Leit also akafe waren, gouf domat an d'Autoen agebrach, esou dass ee keng Abrochspuere gesinn huet.