Dat huet d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von Der Leyen matgedeelt.

Nodeems d'Impfstoffer vu BionTech a Pfizer wéi och Astrazeneca villverspriechend Resultater an der leschter Test-Phase vun hirem Covid-19-Impfstoff haten, gëtt et elo een drëtten Impfstoff. Déi amerikanesch Entreprise Moderna soll mat hirem Vaccin eng Effikassitéit vun 95% erreecht hunn.

Wéi d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen matgedeelt huet, hätt een elo och ee Vertrag mat Moderna ausgehandelt hunn. Dëse soll um Mëttwoch ënnerschriwwe ginn. Mat dësem Kontrakt wieren der EU weider 160 Milliounen Impfungen zougeséchert ginn, wann den Impfstoff vu Moderna zougelooss gëtt.

Et rechent een domat, dass déi éischt Lizenzen fir Impfstoffer géint de Covid19 am Dezember kommen. Als éischt muss hei an der EU d'European Medicines Agency hir gréng Luucht fir d'Impfstoffer ginn. Eréischt duerno kënnen déi éischt Impfunge geliwwert ginn. D'Verdeelung vun den Impfdoséierunge soll op d'Bevëlkerung vun deene jeeweilege Länner berechent ginn.