Déi nei Mesuren huet den Educatiounsministère an enger E-Mail un d'Direktere vun deene verschiddene Gebaier matgedeelt. Dat mellt RTL an de Radio 100,7.

Eng gréisser Ännerung fir d'Lycéeën dierft wuel sinn, dass dëst Schouljoer fir all d'Klassen net an Trimesteren, mee a Semesteren opgedeelt gouf. Dat 1. Semester geet dann bis d'Fuesvakanz. Dat zweet Semester fänkt dann den 22. Februar un an hält de 15. Juli op. Ee gréissere Changement gëtt et dofir awer bei der Fuesvakanz. Wéinst der Ëmstellung op Semestere soll d'Fuesvakanz fir d'Schüler an de Lycéeën ëm eng Woch verlängert ginn. Am Ausgläich mussen d'Schüler dowéinst souwuel fir d’Chrëscht- wéi och d’Ouschtervakanz ma och virun der Summervakanz, bis Freides amplaz just bis Dënschdes an d’Schoul goen.

Fir d'Klassen vu 4e bis 2e gëllt dann nees ofwiesselenden Unterrecht. D'Primaner si vun dëser Reegel ausgeholl. Et ass d'Zil, dass manner Schüler an de Busser wéi och an de Schoulen zirkuléieren. Wéi genee dësen "Cours alterné" soll ausgesinn läit an der Kompetenz vun de jeeweilege Lycéeën. Dëst entweder mat A-B-Gruppen an de Klasse selwer, oder och mat Hëllef vun enger Rotatioun vun deenen eenzele Klassen. Et dierft just egal wéi keng Schoulzäit verluer goen. Egal op den Unterrécht virtuell gehale gëtt oder mat Presenz an de Klassen, mussen d'Schüler fir dëse present sinn.