A Frankräich ginn d'Corona-Restriktiounen an den nächste Woche manner streng. Ënner anerem dierfen all d'Commercen a Service à domicile nees opmaachen.

Frankräich wëll lues awer sécher verschidde Corona-Restriktiounen nees ophiewen. Dat huet de franséische President Macron en Dënschdeg an enger Telés-Usprooch annoncéiert.

Vun e Samschdeg un dierfen all d’Geschäfter a Service à domicile a Frankräich ënner strengen Hygiènes-Oploen nees opmaachen.

Vum 15. Dezember un gëllt da kee Confinement méi, mee eng Ausgangsspär tëscht owes 21h00 a moies 07h00. An eréischt den 20. Januar solle Restauranten, Baren a Fitness-Zenteren nees opmaachen dierfen.