An Éisträich soll am Januar d'Bevëlkerung géint de Covid-19 geimpft ginn. D'Impfung ass fräiwëlleg.

Éisträich wëll am Januar mat der Impfung vu senger Bevëlkerung géint de Covid19 ufänken. Dobäi sollen eeler Mënschen, Risiko-Gruppen sou wéi d’Gesondheets-Personal fir d’éischt geimpft ginn. Zil wier et, dass iwwert d’Hallschent vun der Populatioun geimpft gëtt, woubäi d’Impfung fräiwëlleg ass, esou heescht et.

All Mënsch misst zweemol bannent engem Zäitraum vun ongeféier 3 bis 4 Woche geimpft ginn. Fir net prioriséiert Gruppe géifen d'Impfstoffer vun ongeféier Abrëll un zur Verfügung stoen, heescht et aus dem Santésministère.