Zu Lugano an der Schwäiz huet eng Fra 2 aner Frae mat engem Messer ugegraff a blesséiert. Wéi et heescht, gëtt wéinst Terror-Verdacht ermëttelt.

An der Schwäiz huet eng Fra zwou aner Fraen an engem Geschäft mat engem Messer attackéiert.

Der Police no gouf een Affer schwéier , mee net liewensgeféierlech blesséiert. Dat anert Affer gouf liicht verwonnt. D’Ugräiferin, eng 28 Joer al Schwäizerin, gouf festgeholl.

D’Attack ass en Dënschdeg de Mëtten zu Lugano am Tessin geschitt. D’Täterin soll geruff hunn, dass si vun der IS-Terrormiliz wier. Wéi et heescht, géif wéinst Terror-Verdacht ermëttelt ginn.