Op engem Parking beim Fräiheetsbam tëscht Stroossen an dem Briddel gouf e Mann iwwerfall. D'Täter konnte mat der Auer vum Mann flüchten.

Tëscht Stroossen an dem Briddel gouf en Dënschdeg de Mëtte géint 15h30 e Mann op engem Parking beim Fräiheetsbam ugegraff. Wéi d’Police schreift, gouf de Mann vun zwou Fraen ugeschwat. Dunn ass ee Mann op si duergelaf an huet d’Affer geschloen. D’Täter hunn dem Affer d’Auer geklaut, a sinn duerno mat engem groe VW Passat Kombi mat däitscher Plack a Richtung Briddel geflücht. De Mann, dee beim Iwwerfall blesséiert gouf, koum fir eng Behandlung an d’Spidol.