Zu Réimech gouf en Dënschdeg den Owend an der Géigend vun der Grenzbréck eng Persoun ugeschouss. D'Police sicht no eventuellen Zeien.

Zu Réimech goufen en Dënschdeg den Owend géint 23h00 bei der Grenzbréck Schëss op oppener Strooss gemellt, woubäi éischten Informatiounen no eng Persoun blesséiert gouf.

Op der Plaz hu Police a Rettungsdéngschter ee Mann ugetraff, deen um Been blesséiert war. De Mann gouf op der Plaz behandelt a koum duerno an d'Spidol. Et besteet keng Liewensgefor.

D'Täter konnten onerkannt flüchten. De Parquet gouf informéiert, an d'Kriminalpolice huet eng Enquête an d'Weeër geleet.

An deem Zesummenhang sichen d'Ermëttler no Informatiounen. Eventuell Zeie vum Virfall respektiv Persounen déi iergendwelch Indicen hunn, sollen sech um 113 mellen.