
© Andrew Seaman / Unsplash
Ënner anerem musse Restauranten a Caféen, wéi och Fitness-Zenteren a Schwämme bis de 15. Dezember hir Dieren zoumaachen.
An der Chamber goufen e Mëttwoch déi nei Corona-Mesure mat 31 Jo-Stëmmen an 29 Nee-Stëmmen ugeholl. Dës trieden en Donneschdeg a Kraaft.
Vun elo u gëllt:
- Restauranten a Caféeë si bis de 15. Dezember zou, Take-Away a Liwwerung ass méiglech
- Kinoen, Theateren, Casinoen a Foiren si bis de 15. Dezember zou
- Sportshalen, Fitness-Zenteren a Schwämme si bis de 15. Dezember zou
- Sport nëmmen nach zu 4 dobaussen erlaabt
- Maximal 2 Persounen dierfen nach doheem invitéiert ginn, wa béid Persounen aus dem selwechte Stot sinn, Kanner ginn do matgezielt
- Verlängerung vun der Ausgangsspär tëscht 23h00 a 06h00
D'Strofen, wa Restauranten, Caféen oder aner Etablissementer sech net un d'Mesuren halen, ginn erop op, a kënnen elo 4.000€ kaschten.