Een entspriechende Gesetzesentworf gouf um Dënschden Owend eestëmmeg vum schottesche Parlament ugeholl.

Mat hirem neie Gesetz, ass Schottland dat éischt Land weltwäit dat esou eng Decisioun geholl huet. D'Zil vun dësem neie Gesetz ass et, deene Leit entgéint ze kommen, déi sech déi dacks deier awer néideg Artikelen net leeschte kënnen. An dann op Moossnamen zeréck gräifen déi net hygienesch oder souguer schiedlech fir d'Gesondheet vun de Notzerinnen ass. Dorënner zum Beispill alen Zeitungspabeier, Toilettepabeier oder Fatzen aus Stoff. Et ass ee Problem deen als "Perioden-Armut" bezeechent gëtt.

Mam neie Gesetz gëtt et zum Beispill obligatoresch fir Schoulen an Universitéiten a Schottland op hiren Toiletten Binden an Tamponen an aner Hygiènesartikelen gratis disponibel unzebidden. Och op aner ëffentlech Ariichtunge kéint des Obligatioun nach duerkommen. Ma allgemeng ass et Zil, dass jiddereen, deen a Schottland seng Period huet, och sécher Accès zu deene richtege Mëttel kritt.