A senger Äntwert op d'Question Parlementaire zu de mobile Radaren am Norden huet de Minister fir bannenzegt Sécherheet Henri Kox Detailer ginn.

Wärend de Summerméint goufen op verschiddene Stroossen am Norden mobil Radaren installéiert. Esou zum Beispill tëscht Méchela an Ierpeldeng. Ma an de Summerméint, hunn dem Henri Kox no d'Radaren am Norden 10'118 mol eng erhéichte Vitesse festgehalen.

Am Laf vum Joer 2020 goufen am Ganzen op de Stroossen am Norden eng 20'163 Iwwerschreidunge vun der erlaabter Vitesse festgestallt. Dës Radaren goufen aus verschiddene Grënn installéiert. Entweder wéinst Awunner an deene verschiddene Stroossen, oder op Demande vun de Gemengenautoritéiten. Donieft goufen och mobil Radaren am Kader vun der Sécherheetscampagne "Moto" opgestallt.