Um Mëttwoch Mëtten krut d'Police eng Wallis gemellt déi ouni Opsicht um Trottoir um Boulevard Pierre Dupong stoung.

Um Mëttwoch de Mëtten gouf d'Police kontaktéiert, well op der Héicht vum Athenée um Boulevard Pierre Dupong eng Wallis stoung déi anscheinend kee Besëtzer hat. Doropshin ass d'Police op d'Plaz gefuer, an huet ee Sécherheetsperimeter opgeriicht.

Nodeems d'Wallis ënnersicht gouf, konnt festgestallt ginn, dass keng Gefor vum verluerenen Objet ausgaangen ass. Géint 14h35 konnt de Sécherheetsperimeter do nees opgehuewe ginn.