Déi argentinesch Fussball-Legend ass am Alter vu 60 Joer gestuerwen.

De fréiere Fussball-Profi Diego Maradona ass dout. Dat huet déi international Futtballfederatioun confirméiert.

Eréischt viru kuerzem gouf den argentinesche Fussballstar wéinst engem Bluttgerënsel am Gehier operéiert. D'Operatioun war gutt verlaf, an den 11. November duerft de Maradona nees heem, fir do weider gefleegt ze ginn.

Elo koum dann d'Nouvelle, dass den Argentinier un engem Häerzkreeslaf-Stëllstand gestuerwen ass.

D'Trauer an der Sportswelt ma och a sengem Heemechtsland Argentinien ass grouss.