Op der Aire de Capellen gouf ee presuméierte Schleiser festgeholl, ausserdeem ass d'Police op 8 Flüchtlinge getraff déi an engem Won souzen.

Op der Aire de Capellen goufen der Police an der Nuecht op e Mëttwoch verdächteg Persoune gemellt, déi sech an den Hecke verstoppt haten, a méi spéit an ee Won geklomme sinn.  

Wéi d’Policebeamten op d’Plaz koumen, hunn si déi gemellte Persoune fonnt. Éischten Informatiounen no, géif et sech bei den 8 Persounen ëm Flüchtlingen handelen. Eng weider Persoun gouf op Uerder vum Parquet festgeholl, déi am Verdacht steet, ee presuméierte Schleiser ze sinn. Den Ausseministère gouf informéiert an de benotzte Won gouf confisquéiert.