D'Stad Lëtzebuerg mécht verschidden Sport-a Kulturplazen zou, ënner anerem Theateren, Piscinnen an de Skatepark.

Wéinst den neie Corona-Mesure vun der Regierung huet d'Stad Lëtzebuerg verschidde kulturell Institutiounen zou gemaach. Dat huet d'Stater Gemeng an engem Schreiwes matgedeelt.  Sou hunn d'Cinemathéik an d'Stater Theateren (Grand Théâtre an Théâtre des Capucins) hir Diere fir de Public zou gemaach. Aner kulturell Plaze sollen weiderhin op bleiwen: d'Muséeën (de City Museum an d'Villa Vauban) sinn zu de gewinnten Ouvertureszäite fir Visiteuren accessibel. Dat selwecht gëllt fir d'Cité Bibliothéik. Et gëllen hei di gewinnten Ofstands- an Hygiènesreegelen.

De Stater Conservatoire an d'Museksschoulen aus der Stater Gemeng bidde weiderhin ausserschoulesch Aktivitéiten un. D'Centres culturels sinn dogéint bis op Weideres zou. Ëffentlech Sportsgebaier, wéi Turnhalen an d'Stater Piscinne bleiwen och fir den normale Public zou. Schoulsport a Veräinsaktivitéite kënnen do am Kader vun den aktuelle Mesure weider ofgehale ginn. D'Fermeture gëllt och fir d'Schlittschongpist op der Cloche d'Or an de Skatepark zu Hollerech.