E Mann gouf op engem Parking zesumme geschloen a krut seng Luxusauer geklaut.

Géint 15h10 den Dënschden de 24. November gouf e Mann um Parking beim Waasserwierk um CR181 tëscht dem Briddel a Stroossen iwwerfall. Nodeems hie säin Auto geparkt an aus dësen erausgeklomme war, gouf de Mann vun 2 Fraen mat rumäneschen Originnen attackéiert a geschloen. Ewéi hien doropshi probéiert huet vum Parking op d'Strooss ze goe fir no Hëllef ze sichen ass him e jonke Mann entgéint komm an huet him mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen. D'Affer ass doropshin op de Buedem gefall. Ewéi hie bis um Buedem louch, hunn déi 3 Täter hie mat de Féiss gerannt. Duerno sinn si mat engem sëlwrege VW Passat mat engem Kennzeeche vun der däitscher Stad Bitburg an Direktioun Briddel fortgefuer.

D'Affer ass no der Attack an d'Spidol komm an huet eréischt do gemierkt, dass seng deier Auer vun der Mark "Patek Philippe" geklaut gouf.

Bei den Täter huet et sech em zwou Fraen am Alter tëscht 20 a 25 Joer gehandelt. Eng vun hinnen hat eng schlank Statur a blond Hoer. Si war tëscht 1.60m an 1.65m grouss. Déi zweet Fra war tëscht 1.50m an 1.55m grouss. De Mann hat ongeféier 30 Joer, war tëscht 1.75m an 1.80m grouss an hat eng sportlech Statur.

Wien an dësem Zesummenhang eppes gesinn huet oder an den Deeg virum Iwwerfall e verdächtege VW Passat mam Kennzeechen "BIT" an der Géigend vum Iwwerfall gesinn huet, soll sech bei der Police mellen. Dëst um 113 oder oder ënnert der Mail-Adress spj.rgb@police.etat.lu.