Dat huet den Organisatiounscomité vun der Kavalkad op Facebook matgedeelt.

D’Nächst Joer wäert et keng Dikrecher Calvakade ginn, dat wéinst der Corona-Pandemie. Dat hunn d‘Organisateuren op Facebook matgedeelt. D’Fuesent ganz aus dem Kalenner läschen, kéim awer net a Fro. Amplaz wäert een eng Partie méi kleng Evenementer organiséieren, déi duerch d’Corona-Mesuren erlaabt sinn, heescht et weider.