Den Ament verhandelen déi europäesch Alpen-Länner iwwert eng gemeinsam Linn a Saache Wantersport.

Der Noriichtenagence AFP a verschiddenen däitsche Medien no, gëtt et eng Propose vum bayresche Ministerpresident Markus Söder. Dës gesäit fir déi europäesch Schigebidder bis den 10 Januar 2021 zouzeloossen. Dëst fir Infektiounsclusteren ewéi d'lescht Saison zu Ischgel ze verhënneren. Italien huet sech fir dës Propos ausgeschwat. Éisträich ass géint des Mesure. D'Tourismusministesch Elisabeth Köstinger huet wësse gedoen, dass Éisträich wéi geplangt mat der Schi-Saison ufänke wäert. Just Après-Schi wäert et dëst Joer kee ginn. Frankräich geet iwwerdeems e Mëttelwee Déi franséisch Schigebidder kënnen iwwer d'Chrëschtdeeg op sinn awer d'Schilifter, d'Caféen an d'Restauranten an de Gebidder mussen zoubleiwen. Dat huet de franséische Premierminister Jean Castex den Donneschdeg am Kader vun enger Pressekonferenz iwwert d'Oplockerung vun de Corona-Mesure matgedeelt.