
© pexels.com
Dat mellen den Zentrum fir d'Lëtzebuerger Sprooch, de Radio 100,7 an RTL.
Et ass dat Wuert, dat am meeschten era gereecht gouf bei der Jury vum "Wuert vum Joer 2020": Corona. Tëscht dem 8. an 15. Dezember konnten d'Leit hir Propose fir d'Wuert vum Joer era reechen. Am Ganzen hätt een eng 497 E-Maile kritt, mat 542 verschiddene Proposen. Ma och an der Jury wier ee sech séier eens ginn wéi et heescht, dass "Corona" dat Wuert wier, dat dëst Joer dee gréissten Impakt hat an am meeschte genotzt gouf. Et ass déi éischte Kéier dass den Zentrum fir d'Lëtzebuerger Sprooch, de Radio 100,7 an RTL offiziell nom "Wuert vum Joer" gesicht hunn.
Op der zweeter Plaz ass den Hashtag #bleiftdoheem ukomm. D'Opfuerderung doheem ze bleiwen, an esou d'Situatioun an de Spideeler z'entlaaschten. Och dëst huet zu de Favoritte vum Publikum gehéiert, esou RTL. Ma déi drëtt Plaz ass un de Begrëff "Heibleifskärchen" gaangen. Wien nämlech "Mat der Heibleifskärche fiert" geet net fort. A genee dat hu mer hei zu Lëtzebuerg an och op villen anere Plazen an der Welt nees méi gemaach.