D'Situatioun wier den Ament nach ugespaant, mee d'Tendenz géif an di richteg Richtung goen, esou de Premier Xavier Bettel.

D'Tendenz vun den Zuele géif dem Staatsminister no an déi richteg Richtung goen. Ugangs Dezember louch d'Zuel vun den deeglechen Neiinfektiounen op 7 Deeg gekuckt an der Moyenne bei 550. Déi verschidde Mesuren, déi geholl goufen, hätten dem Xavier Bettel no gegraff ,an d'Zuele wieren zanterdeem kontinuéierlech erofgaangen.

An der Woch vun de Feierdeeg goufen - och wéinst der méi niddereger Zuel vun Tester, déi iwwert d'Feierdeeg gemaach goufen - ronn 200 Neiinfektioune gezielt. D'Lescht Woch goufen an der Moyenne 167 Neiinfektioune pro Dag gezielt. Gläichzäiteg huet d'Situatioun an de Spideeler sech nees entspaant. Par Rapport zu der Situatioun Mëtt Dezember ass d'Occupatioun vun de Better op de soins normeaux ëm bal 50 Prozent zeréckgaangen.

Op déi lescht Woch gekuckt, géif den Taux vu positiven Tester mat 3,06 Prozent an der europäescher Moyenne leien.

D'Butteker an d'Schoule ginn nees op

Fir optimal ze funktionéiere misst een dem Premier no sécherstellen, dass den Taux vun de positiven Tester an d'Zuel vun den Neiinfektioune weider géifen erofgoen. Dowéinst wier et dann elo och net de Moment fir d'Restriktioune komplett opzehiewen an et misste weiderhi streng Mesurë gëllen. Allerdéngs, wäerten déi aktuell Mesuren zum Deel gelackert ginn.

Konkret bedeit dat, dass och déi net essentiell Butteker hir Dieren nees dierfen opmaachen. Et sollen awer méi streng Reegele gëllen. Esou soll d'Zuel vu Clienten déi sech zesummen an engem Geschäft ophalen op 1 Client pro 10 Metercarré limitéiert ginn. An de klenge Geschäfter wäerte maximal 2 Clientë gläichzäiteg am Geschäft dierfe sinn.

Ausserdeem sollen d'Schoulen de nächstem Méinden nees opgoen. Grad esou ewéi d'Crèchen an d'Maisons Relaisen. De Congé pour raisons familiales wäert domadder op en Enn kommen.

Och de Sport soll ënner strengen Oplagen nees méiglech sinn. De Sportminister wäert dës Oplagen am Kader vun enger Pressekonferenz den Donneschdeg um 11h00 virstellen. Fitnesszenteren dierfen z.B. ënner Konditiounen opmaachen.

Ausserdeem soll de Kulturbetrib nees ulafen. Kinoen an Theatere wäerten hir Dieren nees opmaachen. Och hei sollen déi gewinnte Reegelen hisiichtlech Ofstand an Droe vu Maske gëllen.

Eng Partie vun den aktuelle Mesurë wäerten awer bestoe bleiwen. Esou soll d'Limitte vun 2 Leit aus dem selwechte Stot, déi ee bei sech doheem ëmfänken däerf bestoe bleiwen.

Och d'Reegele fir d'Rassemblementer am ëffentleche Raum solle bestoe bleiwen. Konkret bedeit dat, dass sech maximal 4 Leit dobaussen treffen dierfen. Vun enger Zuel vu 4 Leit un, musse Masken ugedoe ginn. Vun 10 Leit un wäert een sech sëtze mussen.

Och de Konsum vun Alkohol am ëffentleche Raum wäert weiderhi verbuede bleiwen. D'Horesca wäert iwwerdeems weiderhin zoubleiwen.

Dës Mesurë solle bis den 31. Januar gëllen. Den entspriechende Gesetzesvirschlag soll der Chamber nach dës Woch virgeluecht ginn. E Freideg soll an der Chamber ofgestëmmt ginn.

Et wier een sech dem Premier no bewosst, dass déi aktuell Mesuren e staarken negativen Impakt op déi mental Gesondheet vu ville Leit hätt. Et kéint net sinn, dass d'Zuel vun de Leit op soins normeaux géif erofgoen a gläichzäiteg ëmmer méi Leit an d'Psychiatrie komme géifen.

Spideeler nees an der Phase 3. Surmortalitéit fänkt un erofzegoen

Der Gesondheetsministesch Paulette Lenert no, wier et gelongen déi zweet Well vum Virus richteg gutt ze briechen. D'Mesuren hätten de gewënschten Effekt gewisen. Ma och wann d'Tendenz séier an déi richteg Direktioun géif goen, wieren d'Zuelen nach net op engem Niveau ukomm deen et erlabe géif, manner opzepassen.

Déi aktuell Mesuren hätten der Ministesch no awer zu enger däitlecher Entspanung vun der Situatioun an de Spideeler gefouert. Hei wier ee vun enger Phas 4 an där ee sech tëschenzäitlech befonnt huet erëm an eng Phas 3 komm. Wann d'Zuelen sech weider sou entwéckele géifen ewéi an deene leschten Deeg, géif een och d'Zil erreechen erëm an eng Phas 2 ze kommen.

Et wier dem Paulette Lenert no och wichteg, dass d'Surmortalitéit, déi et am November an Dezember, wéinst dem Virus gouf, géi ufänken erofzegoen.

Den Impakt vun de Familljefeieren iwwert d'Chrëschtdeeg a Silvester wier der Gesondheetsministesch iwwerdeems nach net ofzeschätzen. Och dowéinst wier et wichteg weiderhi virsiichteg ze bleiwen a sech déi néideg Zäit ze gi fir ze analyséiere wéien Impakt dës Feieren haten. Och den Impakt vun der neier Mutatioun vum Virus misst nach am Detail analyséiert ginn.

Hei kënnt dir de Pressebriefing nach eng Kéier am Detail kucken: