D'Santé mellt en Freideg 119 nei Fäll bei 6.406 Tester. Et ass keng weider Persoun um Virus gestuerwen.

119 Neiinfektioune bei 6.406 Tester - dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Freideg matgedeelt huet.

Iwwerdeems ass keng weider Persounen un oder mam Virus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer bleift domadder bei 562.

En Donneschdeg waren et 115 Neiinfektioune bei 6.981 Tester.

Aktuell leie 77 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol - dovunner 14 op der Intensivstatioun.

Am ganze krute bis ewell 6.897 Mënschen hei am Land de Vaccin géint de Covid-19.

LINK / Hei geet et bei de Rapport vun der Santé!