Nodeems e Samschdeg een indonesesche Fliger kuerz nom Start erofgefall ass, gouf elo d'Blackbox fonnt. U Bord waren 62 Mënschen, dorënner 10 Kanner.

Sich-Ekippen hunn am Mier elo och d’Blackbox vun der indonescher Passagéier-Maschinn fonnt, déi e Samschdeg erofgefall ass. D’Boeing 737 war mat 62 Mënschen u Bord kuerz nom Start zu Jakarta vum Radar verschwonnen. Fëscher hate méi spéit eng grouss Explosioun héieren. Rettungs-Ekippen hunn doropshin lauter Fliger-Deeler am Java-Séi fonnt. Och goufe Läichen a perséinlech Géigestänn vun de Passagéier fonnt. Dass et Iwwerliewender ginn, gëllt als onwarscheinlech.