Dat neit Covid-Gesetz gouf de leschte Freideg an der Chamber ugeholl.

Vun e Méindeg den 11. Januar un gëllen déi nei Corona-Mesuren.

Ënner anerem gëllt elo nees eng Ausgangsspär vun 23h00 bis 06h00.

All d’Geschäfter, wéi och Sport- a Kultur-Institutioune ginn ënner strengen Oploen nees op. Verschidde Fitnesszenteren hunn annoncéiert, nach net opzemaachen.

Restauranten a Caféen bleiwe weiderhin zou.

Et dierf ee weiderhin maximal zwee Leit aus dem selwechte Stot bei sech heem invitéieren.

D'Schoule lafen elo nees sou wéi virun der Chrëschtvakanz.

An der Ëffentlechkeet gëllt weiderhin een Alkoholverbuet.

Dës Mesurë gëlle bis op d‘mannst den 31. Januar.