Zu Madrid war d'lescht Woch ee vun de schwéierste Schnéistierm an der spuenescher Geschicht.

97 Luxair-Passagéier waren de Weekend iwwer wéinst engem Schnéi-Stuerm zu Madrid blockéiert. E Sonndeg den Owend méi spéit konnte si nees heem geflu ginn. Zwee weider Luxair-Flich déi fir e Sonndeg op, a vu Madrid aus geplangt waren, goufen op e Méindeg verréckelt, heescht et vun der Luxair.

A Spuenien sinn iwwerdeems 4 Mënsche wéinst dem Schnéistuerm ëm d’Liewe komm.