Zu Péiteng gouf e Sonndeg den Owend géint 17h00 eng Tankstell an der Route de Longwy iwwerfall. Blesséiert gouf keen.

Zu Péiteng gouf et e Sonndeg den Owend géint 16h45 een arméierten Iwwerfall op eng Tankstell an der Route de Longwy.

Wéi d'Police schreift, ass ee Mann an d'Tankstell gaangen an huet sech ëmgekuckt. Mat engem Gedrénks ass hie bei d'Kees gaangen an huet dunn d'Caissière mat enger Schosswaff menacéiert, an déi opgefuerdert him d'Suen ze ginn.

Nodeems hien d'Suen aus der Keess krut, ass de Mann zu Fouss a Richtung Rue de Jardins geflücht.

Beim Iwwerfall gouf kee blesséiert, allerdéngs krut d'Caissière ee Schock.

An deem Zesummenhang freet d'Police all Client, deen zum Zäitpunkt vum Iwwerfall an, a ronderëm d'Tankstell war, sech bei der Police ze mellen.

Zeien, déi de flüchtegen Täter gesinn hunn, oder am Virfeld eppes Verdächteges gesinn hunn, sollen sech um 113 mellen.

Beschreiwung vum Täter:

- männlech
- 1m80 grouss
- nordafrikaneschen Typ
- hat ee schwarze Kapuzeplover, eng schwaarz Joggingsbox, a wäiss/schwaarz Turnschong un