
© Joseph Prezioso / AFP
Déi éischt 1.200 Dose vum Impfstoff vun der amerikanescher Pharma-Entreprise sinn zu Lëtzebuerg ukomm.
Lëtzebuerg krut als éischt Land an der EU de Corona-Impfstoff vun der amerikanescher Pharmaentreprise "Moderna" geliwwert. Dat hunn de Staats- an de Gesondheetsministère e Méinden an engem gemeinsame Communiqué matgedeelt. Deemno sinn déi éischt 1.200 Dose vum Vaccin zu Lëtzebuerg ukomm.
Géigeniwwer vum Vaccin vu BioNTech/Pfizer huet den Impfstoff vu Moderna de Virdeel, dass en bei -20 Grad an net bei -70 Grad muss gelagert ginn. Allerdéngs ass den Impfstoff vu Moderna e bësse manner effikass, ewéi dee vu BioNTech/Pfizer. An Tester hat de Vaccin vun der amerikanescher Entreprise a 94,1 Prozent vun de Fäll eng Infektioun verhënnert. Dee vu BioNTech/Pfizer huet dëst a 95 Prozent vun de Fäll gepackt.
Am Ganzen huet Lëtzebuerg 110.462 Dose vum Impfstoff vu Moderna a 414.210 vum Impfstoff vu BioNTech/Pfizer bestallt.
Iwwerdeems ass e Méinden och eng Liwwerung vu 4.785 Dose vum Vaccin vu BioNTech/Pfizer zu Lëtzebuerg ukomm.
Liest hei de Communiqué mat allen Detailer:
|