D'Police huet der Fra hire Führerschäin agezunn.

Um 20h20 de Sonndeg Owend krut d'Police Materialschied an engem Rond-point tëscht der Rue de Weldscheid an der Rue de Warken zu Ettelbréck gemellt. Hei war ënnert anerem een an e Verkéiersschëld gerannt. Déi responsabel Automobilistin konnt kuerz drop ermëttelt ginn. Well den Alkoholtest positiv war, krut si de Führerschäin ofgeholl.

Schonn um 18h00 war en Automobilist opgefall, deen zu Gonnereng am Zickzack ënnerwee war. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Führerschäi gouf agezunn.