An enger neier Fabrick zu Marburg sollen 750 Milliounen Dose vum Vaccin produzéiert ginn.

BioNTech wäert bis Enn des Joer viraussiichtlech 2 Milliarden Dose vun hirem Impfstoff géint de Coronavirus produzéieren. Dat huet den däitsche Pharmakonzern e Méinden an engem Communiqué matgedeelt. Ursprénglech war ee bei BioNTech nach dovun ausgaangen dëst Joer 1,3 Milliarden Dose vum Vaccin ze produzéieren.

Als Grond fir déi méi optimistesch Aschätzung huet BioNTech ënner anerem eng nei Prozedur uginn. Dës erlaabt et aus all Ampull vum Vaccin 6 amplaz 5 Impfdosissen ze gewannen. Ausserdeem wäert BioNTech dëst Joer eng nei Fabrick zu Marburg an Däitschland a Betrib huelen. Doduerch wäerten d'Produktiouns-Kapazitéite vun der Firma weider an d'Luucht goen. Bis Enn dës Joers sollen an dëser Fabrick 750 Milliounen Dose vum Vaccin produzéiert ginn.