D’Rekrutements-Campagne konnt hiren éischte Succès feieren. Am Ganze sinn iwwer 800 extern an intern Demanden erakomm.

Lauschter hei!

De Minister fir déi bannenzegst Sécherheet Henri Kox an déi Responsabel vun der Police Lëtzebuerg hunn sech op enger Pressekonferenz e Méindeg um 16h00 zefridde mam neie Rekrutement bei der Police Lëtzebuerg gewisen.

Et hätt een um Ufank Zweiwel gehat, ob sech all Joers 200 Leit fir eng Karriär als Polizist entscheede géifen. Dat well an de leschte Joren d'Zuel vun de Rekrutte vergläichsweis niddereg war. De Succès geet dem Henri Kox no op den Accord fir d'aussergewéinlecht Rekrutement vun 2019 zréck:

Ma vun deenen eppes iwwer 2000 Persounen déi zejoert de Staatsexame gemaach haten, hunn sech der 700 fir de Beruff vum Polizist entscheet. Ronn e Véierel vun hinne ware Fraen. Ausserdeem hunn sech 100 Poliziste fir d'Epreuve Speciale gemellt. 200 vun hinne goufen am Ganzen zeréckbehalen. De Recht ass op eng Reserve-Lëscht gesat ginn. Déi kënne sech och erëm fir di nächst Period umellen. Dat ass méiglech well et keng Alterslimitt méi gëtt an ee sech sou dacks fir den Examen umelle ka wéi ee well.

Den Alain Engelhardt vun der Police huet erkläert wat sech  nach geännert huet fir sech bei der Police ze mellen:

D'Ausbildung selwer ass och iwwerschafft ginn, esou dauert dës net méi 3, mee 2 Joer. Wärend den éischten 12 Méint ass een dann an der Policeschoul, wou de Fokus op der Theorie leit. Dës soll dann op den 2. Deel vun der Ausbildung preparéieren. Dat 2. Joer déngt als "Initiation Pratique", an dem d'Policeschüler méi aktiv um Déngscht deelhuele kënnen a méi Responsabilitéiten hunn, esou de Francis Lutgen, Direkter vun der Ressource Humanes bei der Police:

Iwwerdeems soll am Abrëll eng nei Policeschoul um Findel ageweit ginn. Dëst well déi aktuell Policeschoul ze kleng ass fir esou eng grouss Zuel vu Polizisten auszebilden.