Fir den Ursprong vum Coronavirus erauszefannen, dierf elo een internationaalt Fuerscherteam a China areesen.

International Experte vun der Weltgesondheet-Organisatioun fänke mat der Sich nom Ursprong vum Coronavirus am chineesesche Wuhan un. Dat huet de WHO-Chef annoncéiert. Do ware viru gutt engem Joer di éischt Fäll bekannt ginn. De WHO-Chef sot d’Erkenntnisser kéinten hëllefe weider Pandemien ze bekämpfen an ze verhënneren.

China hat erkläert, d‘Experte kéinten en Donneschdeg areesen. U sech sollt dat d’lescht Woch de Fall sinn, do hat Peking awer refuséiert d’Experten areesen ze loossen.