Radikal Trump-Unhänger menacéieren domadder mat Gewalt géint d'Amtsiwwernam ze protestéieren.

An den USA warnt den FBI virun arméierte Protester bei der Amtsaféierung vum neie President Biden. Der Police no, hu radikal Trump-Unhänger annoncéiert, d’Ofléise vum ofgewielte President mat Gewalt ze verhënneren. D’Menace komme vum rietse Grupp, deen och beim Erstierme vum Kapitol mat dobäi war. D’Sécherheetsmesuren zu Washington ginn elo verschäerft. Dem Biden seng Vereedegung ass fir e Mëttwoch an enger Woch geplangt.