An England dierf ee vun e Freideg un nëmmen nach mat engem negative Coronatest areesen, ausserdeem muss een onofhängeg vum Resultat 10 Deeg a Quarantän.

An England dierf ee vun e Freideg un nëmmen nach mat engem negative Coronatest areesen. Den Test dierf dem Verkéiersministère no net méi al wéi 72 Stonnen sinn, a muss well virun der Ofrees vun der Airline, Zuchgesellschaft oder dem Schëffsbedreiwer kontrolléiert ginn. Onofhängeg vum Testresultat muss jiddereen deen areest, 10 Deeg a Quarantän. Trotz engem haarde Lockdown, sinn d’Coronazuelen an England weiderhin héich.