A ville Fäll wieren e puer Accounts mat QAnon-Contenuen op een eenzegen Notzer zeréck ze féiere gewiescht, heescht et vun Twitter.

Zënter den Ausschreidunge virum, an am US-Kapitol virun enger Woch huet Twitter méi wéi 70.000 Accounts geläscht. Dës hätte virun allem Verschwierungstheorie vun der QAnon-Beweegung verbreet, heescht et vun Twitter. A ville Fäll hätt een eenzegen User hannert e puer Konte gestanen.

Unhänger vun der QAnon-Beweegung behaapten, dass den US-President Trump géint eng lénk, pädophil Elite kämpft, déi d'Politik vun den USA steiert. Dem Verschwierungsnetzwierk gehéiere vill riets-geriichten Aktivisten un.