D'WHO rechent net domat, dass dëst Joer an eenzelne Staaten ee Schutz géint de Coronavirus duerch déi sou genannten Herdenimmunitéit erreecht gëtt.

Der Weltgesondheetsorganisatioun no wäert et dëst Joer net méi méiglech sinn, duerch Corona-Impfungen eng Herdenimmunitéit géint d’Pandemie ze erreechen.

Duerch d’Impfunge kéint een zwar déi vulnerabelst Persoune weltwäit schützen, eng Herdenimmunitéit op globalem Plang kéint dëst Joer awer net méi erreecht ginn, esou d’Aschätzung vun der WHO e Méindeg op enger Pressekonferenz.

Vun Herdenimmunitéit schwätzt een, wann an enger Populatioun esou vill Mënsche géint een Erreeger immuniséiert sinn, dass sech dësen nëmmen nach wéineg ausbreede kann, a soumat och déi net-geimpfte Mënschen virum Erreeger geschützt sinn.