Wéi d'New York Times schreift, wieren Äusserunge vum Ausseminister Asselborn de Grond fir d'Ofso.

Den amerikaneschen Ausseminister Mike Pompeo huet eng, fir dës Woch ugesate, Visitt zu Lëtzebuerg ofgesot. Dat schreift d'New York Times. Wéi et an der amerikanescher Zeitung heescht, hätt de Pompeo seng Visitt ofgesot, well de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn den ofgewielten amerikanesche President Donald Trump an engem Interview als Kriminellen a politesche Brandstëfter bezeechent hat. De Pompeo hätt am Kader vun enger Visitt zu Bréissel e Mëttwoch och en Tëschestopp zu Lëtzebuerg aleeë sollen.