De Mann gëllt och an 3 weidere Fäll vun Déifställ a Butteker als verdächteg.

E Méinden Nomëtten hat d'Sécherheetspersonal vun engem Akafszenter zu Gaasperech en Déif gestallt an dësen un d'Police iwwerginn. Wärend der Enquête huet sech erausgestallt, dass de Mann an op d'mannst 3 weidere Fäll vun Déifställ an anere Butteker als verdächteg gëllt. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter.