De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

E Méinden hu Beamte vun der Dikrecher Police beobacht ewéi en Dealer zu Ettelbréck engem Client Kokain verkafe wollt. De Mann gouf doropshi vun de Beamten duerchsicht. Dobäi hunn d'Poliziste 14 Bulle Kokain, Boergeld an en Auto séchergestallt. Den Dealer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter.