An hirem wëchentleche Bilan huet d'Police d'Resultat vun de Kontrolle ronderëm d'Anhale vun de Corona-Mesurë matgedeelt.

Am Laf vun der leschter Woch huet d'Police ronn 430 Kontrollen duerchgefouert. De Fokus vun de Kontrolle louch dobäi haaptsächlech op de Reegelen am Bezuch op Versammlungen an um Respekt vun der Ausgangsspär. Am Ganze krute ronn 190 Persounen e Protokoll. A ronn dräi véierels vun de Fäll gouf et e Protokoll, well déi Betraffen sech net un d'Ausgangsspär gehalen haten. De 6. Januar gouf der Police iwwerdeems en Treffe vun e puer Persounen an engem Bësch tëscht dem Briddel a Stroosse gemellt. Wéi d'Beamten op d'Plaz gefuer sinn, hunn si 8 Persounen ugetraff. Dës hunn sech net un de Mindestofstand gehalen an haten och keng Masken un. Ausserdeem ware si dobäi Alkohol ze konsuméieren. Si kruten e Protokoll.

Schliisslech hunn d'Beamten 18 Berichter un déi zoustänneg Autoritéiten iwwermëttelt. Meeschtens well Mannerjäreger sech net un déi sanitär Mesure gehalen haten.