© PATRICK HERTZOG / AFP
Am Laf vun den nächsten 2 Woche solle knapps 3.900 Persounen déi an de Spideeler schaffe géint de Covid-19 geimpft ginn.
Nodeems e Méinden eng Liwwerung vu 4.875 Dose vum Corona-Impfstoff vu BioNTech/Pfizer zu Lëtzebuerg ukomm ass, hunn de Centre Hospitalier du Nord, de Centre Hospitalier Emile Mayrisch, de Centre Hospitalier Luxembourg, d'Hôpitaux Robert Schuman an de Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique en Dënschdeg ugefaangen d'Gesondheetspersonal, grad ewéi och dat anert Personal, dat an de Spideeler schafft géint de Coronavirus ze impfen. Dat deelen de Staats- an de Gesondheetsministère an engem gemeinsame Communiqué mat.
Déi 4 Spideeler an de CHNP kruten dowéinst jeeweils 975 Dose vum Vaccin geliwwert. Den 18. Januar sollen si nach eng Kéier 975 Dose kréien. Am Laf vun den nächsten 2 Woche sollen esou knapps 3.900 Persounen déi an de Spideeler schaffe géint de Covid-19 geimpft ginn. 3 Wochen drop sollen si déi zweet Dosis vum Vaccin kréien.
Liest hei de Communiqué mat allen Detailer:
|