Hie soll e Member vun enger grousser krimineller Organisatioun sinn.

Den 48 Joer alen ukrainesche Staatsbierger Davit Kuzmyn kritt virgehäit un enger Partie Déifställ vu Luxusautoen am Joer 2019 hei am Land bedeelegt gewiescht ze sinn. Ausserdeem soll hie mat geklauten Autoe gehandelt an d'Gewënner aus dësen illegalen Aktivitéite gewäsch hunn. De Mann ass och ënnert de Nimm Davit Kuzmini, Davit Kamladze an Davit Getiashvili bekannt. Hie soll e Member vun enger grousser krimineller Organisatioun sinn.