Dat huet d'Regierung en Dënschdeg decidéiert.

An Holland gëtt de Lockdown bis op d’mannst den 9. Februar verlängert. Esou laang mussen déi meescht Geschäfter a Schoulen zoubleiwen. Eigentlech hätten déi strikt Corona-Mesuren den 19. Januar missen opgehuewe ginn.

De Ministerpresident Rutte huet d’Hollänner ausserdeem dozou opgeruff, bis Enn Mäerz keng Flich ze buchen oder an d’Ausland ze reesen. Doriwwer eraus sollen Expären entscheeden, ob Ausgangsspärë sënnvoll sinn, fir d’Pandemie weider anzedämmen. Suerge mécht een sech virun allem iwwert déi brittesch Virus-Mutatioun.