Nodeems WhatsApp seng Richtlinne geännert huet, si bei Telegram iwwer 25 Milliounen nei Notzer dobäi komm.

De Messenger-Déngscht Telegram krut bannent 3 Deeg 25 Milliounen nei Notzer dobäi. Dat huet de russesche Grënner vun der App matgedeelt. De Moment zielt d’Plattform ronn 500 Milliounen aktiv Notzer a mécht domadder sengem US-Rival WhatsApp Konkurrenz. D’Hausse kënnt kuerz nodeems WhatsApp nei Dateschutz-Richtlinnen agefouert huet. Dës gesi vir, dass ee méi Daten un de Mamme-Konzern Facebook weider ka ginn.