Déi brittesch Virus-Variante mécht schonn 1 Prozent vun de positive Corona-Tester am Land aus.

Déi brittesch Corona-Mutatioun breet sech enger Etüd no ëmmer méi a Frankräich aus. Si mécht elo schonn 1 Prozent vun de positive Corona-Tester am Land aus, esou de Gesondheetsminister Véran. Zil vun der Etüd ass et, een éischten Iwwerbléck vun der Ausbreedung vun der brittescher Variant a Frankräich ze kréien. Groussbritannien ass vun der Pandemie méi staark betraff, wéi vill aner europäesch Staaten. Etüden no ass déi brittesch Corona-Mutatioun wuel 70 Prozent méi ustiechend wéi déi aktuell Variante.