D'Kanzlerin hält dat wéinst de méi ustiechenden Virus-Mutatioune fir méiglech, och well d'Impf-Campagne nëmme lues virukënnt, schreiwen däitsch Medien.

An Däitschland kéint de Lockdown bis Ouschtere verlängert ginn. Dat mellen däitsch Medien. Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel hält dat deemno aus zwee Grënn fir warscheinlech. Engersäits misst ee wéinst denméi ustiechenden Virus-Mutatioune virsiichteg sinn. Anerersäits géif et mat der Impf-Campagne net séier genuch virugoen. Bis de Summer wäert et wuel net genuch Impfstoff ginn, esou d’Kanzlerin virun der Uniounsfraktioun.