
© AFP/File/Lionel BONAVENTURE
Viraussiichtlech soll d'Youtube-Spär 1 Woch laang daueren.
Eng Woch no de Krawallen am a virum Kapitol zu Washington, ergräift elo och Youtube als lescht grouss Internetplattform méi streng Mesure géint den Account vum ofgewielten US-President Trump.
Wéinst "Bedenken vun unhalendem Gewaltpotential" wieren nei Contenuen um Trump sengem Kanal geläscht ginn, heescht et vu Youtube.
Elo dierfe 7 Deeg laang keng Videoe méi op sengem Kanal héichgeluede ginn, méi eeler Videoe bleiwen disponibel. Do dernieft ass d'Kommentar-Funktioun op onbestëmmten Zäit deaktivéiert ginn.
Ob dem Trump säi Kanal duerno nees aktivéiert gëtt, ass nach net decidéiert.
Virdrunner haten ënner anerem Twitter a Facebook déi jeeweileg Konte vum ofgewielte President permanent gespaart.