2 Aarbechter goufe blesséiert wéi si vun enger Staang erfaasst an op de Buedem gerappt goufen.

Um 09h45 e Mëttwoch de Moie goufen 2 Aarbechter beim Opbau vun engem 12 Meter breede Gerëscht aus Stol op engem Chantier an der Rue Atrhur Thinnes zu Monnerech blesséiert. Dat schwéiert Gerëscht huet misse mat engem Kran opgebaut ginn an ass bei der Montage an der Koup gefall. Dobäi goufen 2 Aarbechter blesséiert wéi si vun enger Staang erfaasst an op de Buedem gerappt goufen. Allebéid goufen op der Plaz vum Noutdokter versuergt a goufen duerno an d'Spidol bruecht. Ee vun hinne war méi uerg blesséiert an huet missen am Spidol bleiwen. De Parquet an d'Gewerbeinspektioun goufen informéiert. D'ITM an d'Spueresécherung vun der Police waren op der Plaz fir de Virfall ze ënnersichen.